16.05.2018 Porte Ouverte op der Kummel

Nëmmen e puer Deeg noo eiser klenger awer ganz schéiner a bestens organiséierter Vakanz, déi mat Secherhéet Jiddereen genoss huet waren mir rem op der Kummel fir eis Memberen do.

24 Leit konnten mir begréissen No engem gemittlechen Pättchen gouf géint 16 Auer Taart mat enger gudder vun Hand geklapptener Schlagsahn zerwéiert.
Zesummen hu mir och d’Fleyeren fird Spargelsiessen and Fahrt fir op Maastricht agepakt fir fort ze schëcken.
Duerno soutze mir vum Comité nach zesummen an hun eis next Evenementer geplangt.
Vum Comité présent :
Lou, Leonie, André, Pir, Olly.
Eis Partner :
Camille B., Angy, Marie–Thérèse.

Schreibe einen Kommentar