19.08.2018 Mëttegiessen zu St. Vith / Steineweiher

Wéi dir wesst hu mir eist Grillfest mussen ofsoen.

Mir loossen iech awer net eleng deen Dag, duerfir hu mir en Dagesausflug geplangt.

Mir fueren an de Restaurant “Am Steineweiher” fir d’Mëttegiessen. Also eng ganz Relax Saach. Mëllt iech un a bezuelt och esou schnell wéi méiglech déi 55 Eeuro. Mir hun  fir 40 Persounen reservéiert.

hei de Flyer

weiterlesen … “19.08.2018 Mëttegiessen zu St. Vith / Steineweiher”

06.12.2017 De Kleeschen bei de Beeforter Seenioren

53 Leit konnte mir op eiser Nekloosfeier begréissen.

Géint 15.00 Auer ass dun de Kleeschen a sai schwarze Gesell op der Kummel ukomm an, si sin mat Gesang empfange gin.
Ganz interesséiert hun eis Senioren dem Kleeschen senger schéiner Ried noo gelauschtert, et hat een dat Gefill perséinlech vun him ugeschwat ze gin.
weiterlesen … “06.12.2017 De Kleeschen bei de Beeforter Seenioren”

17.12.2017 Chrëschtfeier bei de Senioren

56 Leit an 20 Persounen vun der Chorale St. Cécile vu Beefort an Sang mat vun Haller a Waldbelleg konnten mir op der Kummel begréissen. Och ware mir dann nach zu 11 Leit fir Alles op d’Féiss ze kréien.

Als Décoration hate mir kaft:
20 Liichtercher, 16 Klacken oder Härzer, 16 Engelcher, 15 Blummen hat Georgette gebastelt, natierlech alles am Gold well, dat war eist Thema fir dest Jahr eise Programm ofzeschleissen. Eis Dëscher waren mat donkel-greng Dëscheldicher a mat schéinen Servietten gedeckt.

De Beemchen war ganz faarweg gerëscht

mee hien wollt och e goldegt Kleedchen.
weiterlesen … “17.12.2017 Chrëschtfeier bei de Senioren”