
Léiw Beeforter Senioren,
nodeem mir eis Saison dëst Joer esou flott ugefaangen haten, huet déi gesondheetlech Situatioun ons (wéi esou villen Aneren och) e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Déi Pandemie déi mir de Moment och hei zu Lëtzebuerg hunn bréngt et mat sech, dass mir Alleguer soweit wéi méiglech doheem solle bleiwen. Et ass also net méiglech de Moment eis Portes Ouvertes oder Dagesreesen ze organiséiere. Awer esou bal et méiglech ass, wäerte mir eis Aktivitéiten erëm ophuelen.
Mir hoffen, dass dir, léif Memberen, alleguer bei gudder Gesondheet sidd, an och bleift. Vill Courage fir dës schlecht Zäiten gesond ze iwwerstoen.
An duerno gi mir, getrei eisem Motto, weiderhin zesummen“fit a flott an den Alter“
Mir denken un iech a freeën eis iech alleguer, gesond a monter erëm ze gesinn.
Versuergt iech gutt !
Äre Comité vun de Beeforter Senioren
Kategorie: Allgemein
13.03.2020 Abgesagt
Die „Beeforter Senioren“ haben alle Veranstaltungen bis auf Weiteres abgesagt.
weiterlesen … „13.03.2020 Abgesagt“
06.03.2020 Demenz werft vill Froen op
06.03.2020 Demenz werft vill Froen op
Frot no amplaz ofzewaarden
Vortrag am Freitag, den 6 März an der Résidene Päiperléck zu Beefort
weiterlesen … „06.03.2020 Demenz werft vill Froen op“
26.02.2020 Hierkefest op der Kummel
Beeforter Senioren invitéiren
op hiren Hierkendag op der Kummel
Äschermëttwoch den 26.02.2020
weiterlesen … „26.02.2020 Hierkefest op der Kummel“
Januar 2020 Mir haten 2 x eng Porte Ouverte
Mir haten am Januar den 8. an den 22. jeweils eng Porte Ouverte wou mir e gemittleche Mëtteg bei engem gudde Pättchen, bei Kaffi a Kuch verbruecht hun.
weiterlesen … „Januar 2020 Mir haten 2 x eng Porte Ouverte“
2020 Agenda Beeforter Senioren
Onse Programm fir d’Joer 2020 steet fest:
weiterlesen … „2020 Agenda Beeforter Senioren“