04.11.2020 Happy Birthday

De 4. November hunn d’Beeforter Senioren am Hotel Meyer hiren Happy Birthday 2020 gefeiert. Et war zënter dem 26. Februar, wou mir eist Hierkefest gefeiert hunn dat éischten Treffen wat mir erëm konnten veranstalten. Di grouss Coronavirus-Pandemie hat eis, wéi och all deenen aneren Veräiner den Joresprogramm op d’Kopp geheit.
Sou hu mir vum Happy Birthday profitéiert fir eis Memberen e bësschen ze entschiedegen fir all di verpassten Begéinungen di mir dëst Joer net konnten organiséieren.

 

 

 

 

 

No der Begréissung vun de Memberen duerch Presidentin Lou Brandenburger, huet och de Buergermeeschter Camille Hoffmann puer Wuert un d’Leit geriicht fir hinnen di aktuell Konditiounen e bësschen ze erläuteren.

 

No enger Gedenkminutt un eis verstuerwen Memberen hu mir e kuerze Bléck op eis Finanzen geriicht, wou wéi ëmmer eng gesond Situatioun besteet.

 

Eis Keeserevisoren Karin Paludo a Lee Krylov hun d’Buchführung vum Joer 2019 guttgeheescht. Duerch en Applaus vun den Uwiesenden gouf dem Comité Entlaaschtung confirméiert.

 

 

 

Eis Keeserevisoren hu wéi all Joer, e klenge Cadeau iwwerreecht kritt an zwar vum Angie Mehlen a vum Léonie Switala.

 

 

 

 


Fir eis Mammen an eis Pappen hate mir eng Fläsch Schampes bereet stoen, an hunn am Anbetracht vun der desjähriger Situatioun jiddwerengem den do war (38 Persounen insgesamt) eng Fläsch iwwerreecht. Dat hunn d’Marie-Thérèse an den Änder Drouet mat vill Freed erleedegt.

 

 

Eis Jubilaren mat ronnem Gebuertsdag ab 75 kruten wie all Joer eng schéin Corbeille. De Camille Hoffmann huet de Jubilaren um Mikro gratuléiert, an de Pier Mehlen huet de Cadeau bei di jeeweileg Persoun un hiren Dësch gedroen. Bei eise Jubilaren war och eise Comité-Partner de Camille Brandenburger mat 80 Joer derbei.

Zesummen hu mir duerno e kräftegen “Happy Birthday” gesongen.

 

Net vergiess hu mir di eelsten Teilnehmer vum Fest, et waren Mme Cecile Wilwert an den Här Nikki Palz. Och si kruten e klenge Cadeau de vill Freed gemaach huet.

 

 

Mir hunn beim Hotel Meyer wi gewinnt  e gudde Menü zerwéiert kritt, de mir eis alleguer gutt schmaachen gelooss hunn.

De gesamte Comité vun de Beeforter Senioren huet alle Memberen eng gutt Gesondheet gewënscht mat der Hoffnung, dass eis Feier vum 4. November zwar di lëscht an dësem Joer ass, awer bei wäitem net di lescht wärt bleiwen, di mir nach zesumme kënne feieren.

Eis Jubilaren: Marie-Thérèse Tholl Evers (80) , Georgette Arent (80), Catherine Diederich-Muller (80), Albert Hari vertrueden duerch Céline Zanen, eise Comité-Partner de Camille Brandenburger (80). Eis älste Jubilarin vun deser Feier: Léonie Schmitz (90).

Hei dann eise Fotoalbum vum Klaus Morheng.

Dir kënnt och gären eng Foto bestellen um Telefon 621 261 736 (Lou Brandenburger)

Schreibe einen Kommentar