Jahresrückblick 2018 Oktober bis Dezember

05.12.2018 Niklooosfeier

Présent waren
Lou, Leonie, Pir, André, Angy, Marie-Thérèse, Karl, Camille, Olly
57 Leit konnten mir op der Kummel fir eis Nekloosfeier begréissen.

Géint 15 Auer ass wéi all Jahr de Kleeschen mam Housecker op der Kummel ukomm wou sie mat Freed a Gesang empfange gi sin.
Ganz interesséiert hun d‘ Senioren dem Kleeschen senger schéiner Ried noo gelauschtert a well jiddereen sech iwert Jahr gut gescheckt hat, huet den Housecker nett vill Roudden missen ausdeelen. Et gouf als Belounung eng kleng Tiitchen mat Spekulatius an e Brioche Boxemänchen.

Dem Kleeschen an dem Housecker hu mir eng gut Fläsch roude Wäin mat op den Heemwee gin an hoffen dass Sie dat nächst Jahr rem lanscht kommen.

Gut gefall hat de Leit de Bazar mat Handarbechten, Chëschtdékorationen, Wäffelcher, Trüffelen a Karten vum Josiane Weidert, Georgette Arent, Karin Paludo, Romain Metz, Jeanne George a Fernand George .
Och de Chrëschtstollen vun de Senioren hat grousse Succés, an enger knapper Stonn waren der 11 verkaft .
Beim Fotograf Klaus konnt een sech Fotoen bestellen vum Happy Birthday déi hien eis virdrun gewisen huet.
Ech mengen soen ze kënnen et war e ganz flotten a schéinen Dag.

Bis dann

Olly

Eisen Fotoalbum vum Klaus

————————————————————————————————-

16.12.2018 Bericht vun der Chrëschtfeier den 16.12.2018
Fir dat Fest ze réaliséieren hun schon en etlech Deeg am viraus, sou wéi Freides a Sonndes geschaft:
Lou, Leonie, Angy, Marie – Thérèse, Pir, André, Camille Brandenburger, Karl, an Olly.
Sonndes Nomettes hu mir nach Ënnerstetzung vum Camille Hoffmann kritt.
E bessen Angst hate mir Moies wéinst dem Schnéi den iwer Nuecht am ganze Land gefall war, mee d‘Leit hun sech dovun nett ofhale gelooss an sou konnte mir 55 Senioren op enger festlech décoréierter Kummel begréissen.
19 Persounen vun der Chorale Ste. Cécile vu Beefort a Sang mat vu Waldbelleg mam Dirigent a Pianist hun eis Alleguer een immens feierlechen Concert virgedroen. Als Merci hu mir hinnen wéi all Jahr e gudde Cassis vum Schlass geschenkt.
Ganz flott war et vun de Scouten déi zu 6 bei eis komm sin, wou sie nach ganz schéin Chrëschtdécorationen verkafen konnten.
Géint 16 Auer hu mir all eise Gäscht Bûche a Kaffi gratis zerwéiert.
Eis Décoration war dest Jahr a ganz zarten rosa bis zu kräftegen pink Farwen gehalen, och eise neien Beemchen huet sech am selweschten festlechen Kleed présentéiert.
Eng super Tombola war geriicht mat der Neiegkeet vun 2 Hamen derbei, wat immens gut ukomm ass. All Lousen waren schnell verkaaft.
schéinen an erfollegräichen Dag , deen eis Alleguer de Courage gëtt an dem Sënn weider ze schaffen .
De Programm fir dat neit Jahr ass souweit färdeg, et bleiwen nach e puer Eenzelheeten ze klären.
Eisen nächste Rendez–vous ass den 09.01.2019 op der Kummel.
Ech soen Eech Äddi a wënschen Eech Alleguer schéin Feierdeeg an e glecklecht neit Jahr bei bester Gesondheet.
Olly
———————————————————————————————————–

Eise Fotoalbum vum Klaus:


————————————————————————————————————

Schreibe einen Kommentar