28.02.2018 Porte Ouverte

Beeforter Senioren
Bericht vun der Porte ouverte den 28.02.2018

Comité:
Lou, André, Marie – Thérèse, Camille B, Karl an Olly.

Eist Leonie hat massiv Rëckeproblemer a konnt nett dobei sin.

Bei eiseg kalen Temperaturen hun sech nett vill Leit opt Kummel getraut an sou waren et just 10 Persounen déi eis besiche koumen.
Gemittlech souzen Sie alleguer beieneen an hun a klenger Ronn e ganz flotten Noometteg verbruecht. A mir vum Comité haten gudd Zait eis derbei ze setzen.
Pünktlech um 16 Auer hu mir zesummen eis ee gut Stëck Kéisstaart mat engem Kaffi gegönnt.

De Johny Kolmesch ass fir seng Noperen a sech 4 Stëcker Taart siche komm.

Ganz léif war et vun eise Leit dass Sie eis nach 14 Portionen Kéisstaart ofkaft hun, esou waren nach just 6 Stëcker vun 5 Taarten am Rescht.
Alles an Allem hate mir esou emol eng Porte Ouverte e beschen anescht wéi soss. An et huet eis alleguer gudd gefall.
OF/LL

Schreibe einen Kommentar