Kategorie: Infos
Aktuelle Informationen
05.10.2020 Happy Birthday bei de Beeforter
Aktuell elo bei de Beeforter Senioren
Mir feieren de 4. November 2020 am Hotel Meyer eisen Happy Birthday. Et ass eng Festivitéit wou mir versichen all verpassten Fester vun dësem Joer nozehuelen.
Umëldung bis den 20. Oktober
weiterlesen … “05.10.2020 Happy Birthday bei de Beeforter”
12.04.2020 Schéin Ouschteren
Léiw Beeforter Senioren,
nodeem mir eis Saison dëst Joer esou flott ugefaangen haten, huet déi gesondheetlech Situatioun ons (wéi esou villen Aneren och) e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Déi Pandemie déi mir de Moment och hei zu Lëtzebuerg hunn bréngt et mat sech, dass mir Alleguer soweit wéi méiglech doheem solle bleiwen. Et ass also net méiglech de Moment eis Portes Ouvertes oder Dagesreesen ze organiséiere. Awer esou bal et méiglech ass, wäerte mir eis Aktivitéiten erëm ophuelen.
Mir hoffen, dass dir, léif Memberen, alleguer bei gudder Gesondheet sidd, an och bleift. Vill Courage fir dës schlecht Zäiten gesond ze iwwerstoen.
An duerno gi mir, getrei eisem Motto, weiderhin zesummen”fit a flott an den Alter”
Mir denken un iech a freeën eis iech alleguer, gesond a monter erëm ze gesinn.
Versuergt iech gutt !
Äre Comité vun de Beeforter Senioren
13.03.2020 Abgesagt
Die “Beeforter Senioren” haben alle Veranstaltungen bis auf Weiteres abgesagt.
weiterlesen … “13.03.2020 Abgesagt”
06.03.2020 Demenz werft vill Froen op
06.03.2020 Demenz werft vill Froen op
Frot no amplaz ofzewaarden
Vortrag am Freitag, den 6 März an der Résidene Päiperléck zu Beefort
weiterlesen … “06.03.2020 Demenz werft vill Froen op”
26.02.2020 Hierkefest op der Kummel
Beeforter Senioren invitéiren
op hiren Hierkendag op der Kummel
Äschermëttwoch den 26.02.2020
weiterlesen … “26.02.2020 Hierkefest op der Kummel”
2020 Agenda Beeforter Senioren
Onse Programm fir d’Joer 2020 steet fest:
weiterlesen … “2020 Agenda Beeforter Senioren”
25.04.2019 Mir fuere Spargelen iessen
Mëttwochs, den 22. Mäi fuere mir op Berdorf an den Hotel Kinnen Spargelen iessen
weiterlesen … “25.04.2019 Mir fuere Spargelen iessen”
19.04.2019 Mir fueren op de Bodensee
Im September fahren die Beeforter Senioren nach Überlingen am Bodensee
Leider fueren d’Beeforter Senioren mat der Heibleiwkärchen. Mir haten net genug Umellungen.
Déi Leit déi schons bezuelt hun kréien hir Suen zrëckiwerwisen.
19.04.2019 Tagesfahrt Maastricht
Leider huet eise Besuch zu Maastricht mussen ofgesoot gin wëll sech net vill Leit derfir interesséiert hun
Mir fueren den 21. Juni op Maastricht
Mëllt iech fréih genug un w.e.g. weiterlesen … “19.04.2019 Tagesfahrt Maastricht”