28.05.2021 Mir fueren Spargelen iessen

De Bus ass gratis
Mir offréieren iech och den Aperitif

Séi Menü an all weider Gedrénks bezilt jiddwereen selwer am Restaurant

Mir fueren em 11 Auer an der Härewiss fort, de Bus hält op den üblechen Haltestellen.

Umellen bis den 26. Mee beim Léonie um Tel. 83 61 79

Am Bus hu mir alleguer eise Mask un, an mir gin och mat Mask an den Hotel a setzen eis un den Dësch zu maximal 4 Leit

Mir kréien dann e Covid 19 Test Set mat de néidegen Erklärungen.

Nom negativen Resultat kënne mir dann mam Aperitif ufänken an eise Menü genéissen.

(Die Leit déi keen Test wëllen matmaachen, die kennen op Terrasse an d’Zelt goen. Et sin och Heizungen am Zelt.)

Hei fannt dir eise Menu:

weiterlesen … “28.05.2021 Mir fueren Spargelen iessen”

04.11.2020 Happy Birthday

De 4. November hunn d’Beeforter Senioren am Hotel Meyer hiren Happy Birthday 2020 gefeiert. Et war zënter dem 26. Februar, wou mir eist Hierkefest gefeiert hunn dat éischten Treffen wat mir erëm konnten veranstalten. Di grouss Coronavirus-Pandemie hat eis, wéi och all deenen aneren Veräiner den Joresprogramm op d’Kopp geheit.
Sou hu mir vum Happy Birthday profitéiert fir eis Memberen e bësschen ze entschiedegen fir all di verpassten Begéinungen di mir dëst Joer net konnten organiséieren.

 

 

 

 

 

weiterlesen … “04.11.2020 Happy Birthday”

12.04.2020 Schéin Ouschteren


Léiw Beeforter Senioren,
nodeem mir eis Saison dëst Joer esou flott ugefaangen haten, huet déi gesondheetlech Situatioun ons (wéi esou villen Aneren och) e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Déi Pandemie déi mir de Moment och hei zu Lëtzebuerg hunn bréngt et mat sech, dass mir Alleguer soweit wéi méiglech doheem solle bleiwen. Et ass also net méiglech de Moment eis Portes Ouvertes oder Dagesreesen ze organiséiere. Awer esou bal et méiglech ass, wäerte mir eis Aktivitéiten erëm ophuelen.
Mir hoffen, dass dir, léif Memberen, alleguer bei gudder Gesondheet sidd, an och bleift. Vill Courage fir dës schlecht Zäiten gesond ze iwwerstoen.
An duerno gi mir, getrei eisem Motto, weiderhin zesummen”fit a flott an den Alter”
Mir denken un iech a freeën eis iech alleguer, gesond a monter erëm ze gesinn.
Versuergt iech gutt !
Äre Comité vun de Beeforter Senioren

weiterlesen … “12.04.2020 Schéin Ouschteren”