17.12.2017 Chrëschtfeier bei de Senioren

56 Leit an 20 Persounen vun der Chorale St. Cécile vu Beefort an Sang mat vun Haller a Waldbelleg konnten mir op der Kummel begréissen. Och ware mir dann nach zu 11 Leit fir Alles op d’Féiss ze kréien.

Als Décoration hate mir kaft:
20 Liichtercher, 16 Klacken oder Härzer, 16 Engelcher, 15 Blummen hat Georgette gebastelt, natierlech alles am Gold well, dat war eist Thema fir dest Jahr eise Programm ofzeschleissen. Eis Dëscher waren mat donkel-greng Dëscheldicher a mat schéinen Servietten gedeckt.

De Beemchen war ganz faarweg gerëscht

mee hien wollt och e goldegt Kleedchen.

E Wonner war geschidd
iwer Nuecht huet hien e goldegt Kleedchen kritt

an dun huet alles geblenkt a geglëtzert.

Wéi all Jahr huet Chorale vu Beefort, Haller a Waldbëlleg, mat engem neien Dirigent e wonnerbaren Concert virgedroen. Als Merci hu mir hinnen Alleguer als Cado e gudde Cassis vum Beeforter Schlass offréiert. Derzou gouf et fir den Här Steines, den dichteg matgesongen huet e Weihnachtsstern.
Uschléissend hu mir hinnen e gudde Pättchen a Kaffi mat Bûche offréiert.
Och all eise Menberen hu mir Kaffi a Bûche gratis wéi emmer op Chrëschtdag gratis servéiert.

Eng wonnerschéin Tombola war préparéiert, mir haten 6 Kaartespiller, an eis Lousen haten reissenden Ofsaatz.

E ganz schéine Gest war et vum Georgette Arendt fir eis 50 € vum Nekloosbazar and Kees ze gin an der Madame Palz fir en Don vun 25 €.
Mir soen Merci!
Et war e super schéinen Dag a mir sin alleguer zefridden.
Geschafft hun Freides a Sonndes:
Lou, Leonie, Angy, Pir, Marie-Thérèse, André, Karl an Olly
Sonndes hu mir nach kräfteg Ennerstetzung kritt vum:
Camille Hoffmann, Susy Grommes a Camille Brandenburger.

Mir wënschen Iech Alleguer ganz schéin Feierdeeg an e gudd neit Joer.
OF/LL/

Schreibe einen Kommentar