07.06.2017 Mammendagsfeier

36 Dammen a 9 Hären konnten mir fir eis Feier op der Kummel begréissen an hun zesummen e ganz schéinen Nometteg verbruecht.
Wéi ëmmer fir Mammendag hu mir mat Dëscheldicher a schéiner Décoratioun gedeckt.

Fir alles ze préparéieren an eis Senioren ze verwinnen hun deen Dag geschaft:
Lou a Camille / Pir an Angy / Leonie / André a Marie-Thérèse / Olly a Karl.

3 Ärdbierskuchen zu je 21 Stëcker € hu mir beim Marques kaft, a mat frësch geklappter Schlagsahn zerwéiert. Wéi ëmmer deen Daag war Kaffi a Kuch gratis, d’Schlagsahn war en Extrabonbon.

55 immens schéin Rousestäck an 7 Pitsch Biischteblumen fird Deschdékoration huet Gerlinde vun Echternach eis Moies op d‘ Kummel geliwert.  Eis Mammen hun sech iwert die schéin Planzen immens gefreet.

Verschenkt hu mir nach ee Stäckelchen un:
d’Madame Bartimes,  d’Madame Wilwert,  d’ Madame Kryloff.  Si sin trei Besicher vun eise Porte-Ouverten a konnten altersbedingt a krankeetshalber net do sin.

Der Madame Schuller Alice hu mir e Bouquet geschenkt sie hat fir de Comité e gudde Patt bezuelt.

Och eis Mammen vum Comité hun e wuelverdingte Rousestäckelche kritt.

Den Kuch war super, Blimmercher ebenfalls, fazit: et war e super Mëtteg.
O/LL

Schreibe einen Kommentar