06.12.2017 De Kleeschen bei de Beeforter Seenioren

53 Leit konnte mir op eiser Nekloosfeier begréissen.

Géint 15.00 Auer ass dun de Kleeschen a sai schwarze Gesell op der Kummel ukomm an, si sin mat Gesang empfange gin.
Ganz interesséiert hun eis Senioren dem Kleeschen senger schéiner Ried noo gelauschtert, et hat een dat Gefill perséinlech vun him ugeschwat ze gin.

Well jiddereen iwert Jahr brav war huet den Housecker kee groust Geschäft mat de Rudden gemaat.
All eis Memberen a mir och hun e Schokolaskleeschen an e Brioche Boxemännchen geschenkt kritt.

Fir beim Kaffi hate mir gefëllte Streisel vum Marques dee ganz lecker war, e puer Leit hun sech souguer een zweet Stëck gegönnt.

Eng grouss Freed huet d’Madame Kieffer eis mat engem Don vu 50 € gemach.

E klengen awer schéinen Bazar mat Handarbechten vum Georgette Arendt, dem Karin Paludo an dem Romain Metz mat Chrëschtdagsdékorationen war opgeriicht an hat groussen Uklang fond.
Ech mengen soen ze kënnen dass et e gannz schéinen an harmonechen Dag war.
Présent vum Comité waren:
Lou,  Leonie,  Angy,  Pir,  Camille B,  Marie-Thérèse,  André,  Karl, Olly.
O

Schreibe einen Kommentar