25.04.2018 Generalversammlung

Generalversammlung vum 25.04 2018

Présent vum Comité:
Lou, Leonie, Pir, André, Camille H, Olly.
Eis Partner:
Camille B, Karl, Angy, Marie-Thérèse.

53 Memberen konnte mir op der Kummel begréissen .

Pünktlech um 15.15 ass et dunn zum eigentlechen Théma vum Dag komm, der Generalverammlung.
Ganz vill Arbecht stung um Programm fir eis Présidentin. Alles huet Sie virgedroen wat sou am letzte Jahr passéiert ass, genée wéi de ganzen Keessebericht.
Nett gespuert huet Sie mat vill Luef un eis an un eis Partner fir eisen Asaz am Veräin.
Lo erlaben ech mir vun deser Platz aus ee ganz grousse Merci an all eis Komplimenter un Sie ze riichten fir déi vill Arbecht déi Sie mecht, awer sou munchereen et guer nett gesaït.
Och vun de Keesserevisoren Karin a Ly huet Sie e grousst Luef fir déi perfeckt Buchführung kritt an d’Karin an de Ly iwerhuelen dee Posten och rem fir 2018.
Fir deene Leit déi eis am Laaf vum Jahr gehollef hun hate mir als Merci eng gudd Fläsch Champes préparéiert: dat war fird Karin, Ly, Johny, Jenny, Jang, Patric, Sonya, Siggi, Marianne an René.
Eise Buurgermeeschter a Comtémember Camille Hoffmann huet och déi richteg Wieder fonnt fir d’Aktivitéiten an d’Wichtegkeet vun engem Verain wéi d’Beeforter Senioren en Valeur ze setzen.
Och der Eireprésidentin dem Antoinette hu mir eng Fläsch Champes geschenkt an sie huet sech direckt mat engem Don vun 40 € revanchéiert wat eis natierlech gefreet huet, duerfir un Sie ee grousse Merci.
Alles wat verziert gin ass hu mir eise Gäscht gratis offeréiert.
Dat waar vum Waaser bis zum Wäin, an och e schéine Buffet dee mir bei der Metzlerei Osweiler bestallt haaten alles vum Feinsten.
Mir denken, dass mir och dest Joer schons eng ganz Reih Aktivitéiten zur Zefriddenheet vun eise Leit konnten organiséiren.
An et geet weider bei de Beeforter Senioren.
Gitt och dir fit a flott mat ons an den Alter!!

Olly

Schreibe einen Kommentar