,,Am Aschermittwoch ist alles vorbei‘‘ sou heescht et am Liddchen, dat gellt awer nett fir eis, d’Beeforter Senioren, wëll mir machen monter weider,
op Äschermettwoch ass nämlech emmer eist Hierken a Kéissfest op der Kummel. Fir desen Dag ze plangen an ze organiséieren waren schon en etlech Deeg virdrun am Asaz:
Lou, Camille B., Leonie, André, Marie-Thérèse, Karl an Olly.
E ganz grousse Merci soe mir vum Comité
dem Marianne a René Champagne,
dem Jenny a Johny Stirn fir hier kräfteg Ënnerstetzung vun Äschermettwoch.
Sou konnte mir 57 Leit op der Kummel begréissen wou sie zesummen mat eis ee ganz flotten Noometteg verbruecht hun. E puer Leit dovun waren vun eis invitéiert.
Well och Valentinsdag war hu mir all eise Gäscht ee klengt Schokolashärz geschenkt.
Leider waren e puer Leit krank gin a konnten nett kommen .
44 x Hierken an 13 Kéisstelleren hu mir am Sall zerwéiert .
Ausser Haus hu mir nach verkaft: 10 Menu complet, 42 Hierkenfileen usw…
Frou an zefridden konnten mir deen erfollegräichen Dag ofschléissen.
De nächsten Rendez-Vous ass…
Kuckt an onsem Kalenner
Text OF/ Fotos MF