17.01.2018 Porte Ouverte op der Kummel

Op eiser 2. Porte Ouverte vun desem Joër, de 17. Januar waren vum Comité présent:
Lou, Leonie, André, Marie-Thérèse, Karl an Olly.

26 Leit konnten mir op der Kummel begréissen wou sie e gemittleche Noometteg bei engem Pättchen verbruecht hun. Géint 16 Auer hu mir dann eng gutt Tas Kaffi an Taart mat frësch geklappter Schlagsahn zerveiert, sou muncher een huet sech en 2. Stëck gegönnt.
D’Lou hat Fleyeren fir den Hierkendag färdeg gemach sou dass mir déi schons bei de Leit ausdeelen konnten.
De Präiss fir de Menu op der Kummel ass 18 € a fir mat hém ze huelen 15 €.

Schreibe einen Kommentar